Mir sichen dech!
Ons Chefekipp brauch Verstäerkung — an dofier brauche mir DECH!
D'Aktivitéite vun eisem Grupp ginn duerch vill Engagement vun eise fräiwëllege Cheffen/Cheftainen duerchgefouert. Hir Aarbecht ass e Grondpilier vun engem Guiden- a Scoutsgrupp.
Dank hinne kënne ronn 70 Kanner a Jugendlecher reegelméisseg vu flotten an inklusiven Aktivitéite profitéieren. Fir datt mir dëst Engagement weiderféiere kënnen, brauche mir Verstäerkung — an dat kanns DU sinn!
Wanns Du och gär…
- Mat Kanner an/oder Jugendleche schaffs?
- Zäit an der Natur verbréngs?
- An du hues op d'mannst 16 Joer?
Dann bass du häerzlech wëllkomm bei eis an der Chefekipp!
Mir siche Jonker a manner Jonker fir:
- Reegelméisseg Versammlunge fir Kanner a Jonker ze plangen an ze halen
- Plangen an Ausféiere vu verschiddenen groussen a klengen Evenementer (Buergbrennen, Grillfest, Cavalcade…)
